Lëtzebuergesch richteg schreiwen (2021)

Lëtzebuergesch richteg schreiwen (2021)

Out-of-Stock
€15.00
VAT included

 

Lëtzebuergesch richteg schreiwen (2021) Elo hu mir en NEIEN Lëtzebuergesch richteg schreiwen Elo hu mir en NEIEN Duerchbléck riicht sech un all déi, déi schonn ëmmer eis Sprooch richteg schreiwe wollten, awer ni dGeleeënheet haten, dGrondregele vun der Lëtzebuerger Schrëftsprooch op eng einfach Manéier ze léieren. Dir wëllt eis Sprooch schreiwen, mee sidd Iech bei der Schreifweis net sécher kee Problem, hei fannt Dir dÄntwerten op Är Froen. *** DAuteurin Amira-Louise Ouardalitou ass 1984 als zweet Kand vun enger lëtzebuergescher Mamm an engem tuneesesche Papp zu Lëtzebuerg op dWelt komm. No der 13e Commerce et Gestion huet si dUniversitéit Bielefeld mat engem Bachelor of Arts am Haaptfach Germanistik an am Niewefach Deutsch als Fremdsprache ofgeschloss. Duerno huet si op der Universitéit Freiburg an op der Universitéit Wien studéiert, wou si hire Master of Arts am Beräich Angewandte Linguistik gemaach huet. Am Joer 2007 huet dAmira-Louise wärend hirem Bachelorstudium hir Fuerschung iwwert déi Lëtzebuerger Sprooch an Nordamerika ugefaangen, déi och de Schwéierpunkt vun hiren zwou Ofschlossaarbechte war. Am Joer 2016 huet si hiren zweete Masterstudium a Lëtzebuerger Studien mat der Ofschlossaarbecht DKommunikatioun vu Gebäerdesproochler a Schwéierhéiergeschiedegter an enger multilingualer Gesellschaft um Beispill vu Lëtzebuerg ofgeschloss. Vun 2012 bis 2020 huet si déi Lëtzebuerger Sprooch am Institut National des Langues fir Erwuessener ënnerriicht an huet sech am Joer 2020 dAufgab gesat, de Kanner a Jugendleche nieft anere Fächer och Lëtzebuergesch bäizebréngen. Säit Juli 2014 ass si Member vum Institut Grand-Ducal, vun der Section de linguistique, dethnologie et donomastique, wou si säit 2015 an deem Kader Lëtzebuerg bei der EFNIL European Federation of National Institutions for Language ënnert anerem och mat Virträg vertrëtt.

9782919792047
No reviews
Product added to wishlist